|
Dës Devise as eng vun dene grousse Prinzipien, déi eis leeden. Den Erfollëg vun dene leschten Joëren bestätëgt dës Firmëphilosophie. Vill jonk motivéiert a kompetent Mataarbechter konnte mer an dene leschte Joëren fir eis Iddi gewannen. Mir wëllen eise Konnen erméiglëchen, hiert Liewen ze genéissen. Mir bewierkstellëgen d’finanziell Sëcherheet, déi et Iech erlaabt, déi noutwenneg Risikën anzegoën, déi Dier fir d’Erreechen vun Äeren Ziler braucht. Ganz vill Wäert leë mir op d’Qualitéit vum Nolauschteren vun eise Rotschléi an d’Zervisser a schloën Iech, wäerte Client, vir, Iech op laang Zäit ze begleeden an déi jeweilëg passend Léisungen unzebidden. Ennerhalb eiser Grupp stinn Iech ënnert anerem Juristen, Steierexpertën an Placementsspezialisten zur Verfügung. Een weidere Motto leet eis "Think global act local!".
Eis 6 Büroë bestin aus Versëcherungsagencën a Bankfilialen, befanne sech an der Ostbelsch an am Norden vu Lëtzebuerg, am Käer vun den europäëschen Grenzregiounen Belsch, Däitschland, Lëtzebuerg an Holland. Dofir si mir säit éiweg grenziwerschreidend Denken an Handele gewinnt. Munch behaapten esouguer, mir wieren déi éischt wierklech Europäer. Den Uewerbegrëff vun eiser Grupp "European Finance" as op dëser Basis entstaanen, woubäi dat Wuërt "Finance", am erweiderte Sënn zë verstoen as an och d’Versëcherungen, d’steierlëch an d’juristësch Optiméierung beinhält. Mat eiser Mannschaft stelle mir eis Daag aus, Daag an, den neien europäëschen Erausfuerderungen.
Äer Virdeeler bei European Finance: - sëcher a rentabel Geldplacementër; - all Zorte Kredittër- a Versëcherungsofschlëss zu de beschte Bedéngungen, - Finanz- a Versëcherungsanalysen, - juristësch a steierlëch Optiméierung, wéi zum Beispill bei Ierwschaften oder beim Iwerhuelen vu Firmen, - een duerch eis Rotschléi an Zervisser erhéichten Liewensstandard, - an natierlëch eng glécklech a sëcher Zäit an der Pensioun.
Mir garantéieren Iech kompetent Hëllef a begleeden Iech, Äer Famill an Äer Firma.
Äeren Manfred Gehlen
<< zurück
|
|